Share
Iwwer Gott an d'Welt
Episode #14B - 13 Joer AHA Lëtzebuerg - BONUS: Table Ronde
Season 1, Ep. 14
•
An desem BONUS Material zur 14. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" kënnt der d'Opnam vum Ufank vun der Table Ronde lauschteren wou op der Jubiläumsfeier stattfonnt huet. Leider ass d'Opnam no circa 50 Minuten ofgebrach ginn wéinst engem technesche Problem.
More episodes
View all episodes
32. Episode 32 - Zum Richard Dawkins
59:44||Season 1, Ep. 32An dëser 32. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer dem Richard Dawkins säi Wierken als Wëssenschaftler an als atheisteschen Aktivist. Si lauschteren sech ausgewielten Stécker aus engem Gespréich vum Richard Dawkins mam Peter Boghossian un a kommentéieren se kuerz.31. Episode 31 - "Democracy, not Theocracy" with Fish Stark, CEO of A.H.A.
59:58||Season 1, Ep. 31An dëser 31. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'Presidentschaftswalen an den USA rondrem een Interview wou de Bob am Virfeld vun de Walen mam Fish Stark, CEO vun der American Humanist Association, gemaach hat zu hierem Projet "Democracy, not Theocracy". Weider Infos dozou hei: https://americanhumanist.org/democracynottheocracy/30. Episode 30 - De Poopst Besuch zu Lëtzebuerg
58:33||Season 1, Ep. 30An dëser 30. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Alexandre Hornbeck, och Member vum Verwaltungsrot vun AHA Lëtzebuerg. Si poteren iwwer de Besuch zu Lëtzebuerg vum "Poopst" vun der Kathoulescher Kierch a schwäifen och mol of dobäi.29. Episode 29 - Neurosciences de l'obéissance
59:54||Season 1, Ep. 29Dans ce 29e épisode de «Iwwer Gott an d'Welt», Bob s'entretient avec Emilie A. Caspar, professeure de neurosciences à l'Université de Gand, sur l'étude neuroscientifique de l'obéissance, à l'occasion de la récente publication de son livre «Just Following Orders: Atrocities and the Brain Science of Obedience». Ensemble, ils explorent ce que les études scientifiques peuvent nous apprendre sur la «nature humaine» et dans quelles conditions des êtres humains ordinaires peuvent être amenés à commettre des atrocités. Ils discutent aussi du rôle des «justifications religieuses ultimes» pour les actes d'atrocités.Pour plus d'informations sur le livre: Just Following Orders Atrocities and the Brain Science of Obedience. Pour plus d'informations sur les recherches d'Emilie A. Caspar. Caspar: https://moralsocialbrain.com/28. Episode 28 - Opklären iwwer d'mënschlech Diversitéit
01:00:01||Season 1, Ep. 28An dëser 28. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Tom Hecker, deen och nach bekannt ass duerch d'Konschtfigur déi hie spillt: d'Tata Tom. Si schwätzen iwwer d'Diversitéit vun de mënschleche sexuellen Orientéierungen an de Geschlechtsidentitéiten, souwéi iwwer d'Noutwendegkeet fir Opklärung doriwwer ze bedreiwen. Well dës Sendung, Vakanze bedéngt, am Virfeld opgeholl gi wor, ass d'Diskussioun em déi 2 Petitiounen zum Thema nëmme kuerz ugedeit ginn.27. Episode 27 - Verbuede Musik an Emancipatioun
59:02||Season 1, Ep. 27An dëser 27. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen de Lex an de Bob driwwer wéi reliéis a politesch Instanze probéiert hu fir gewëss Zorte Musik ze verbidden oder zum Boykott vu gewësse Musiker opgeruff hunn, a wéi Musik schonn ëmmer ee Mëttel vun der Emanzipatioun wor.26. Episode 26 - Humanistesch Zeremonien zu Lëtzebuerg
59:12||Season 1, Ep. 26An dëser 26. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 3 humanisteschen Zeremonienmeeschter, dem Mayalani Moes, dem Artemis_ia an dem Alexandre Hornbeck. Si schwätzen driwwer wéisou si humanistesch Zeremonien ubidden, wei si dat maachen a wat hinnen dat bedeit. Wann dir Kontakt wëllt ophuelen zu engem Zeremonienmeeschter da kuckt ran op www.aha.lu a klick op Zeremonienmeister.25. Episode 25 - En Hommage un den Dan Dennett
01:00:00||Season 1, Ep. 25An dëser 25. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhale de Lex an de Bob sech iwwer de kierzlech verstuerwene Philosoph a Kognitiounswëssenschaftler Daniel C. Dennett, säi Wierk als Denker a säi Wierken als atheisteschen Aktivist. Hien wor effektiv bekannt als ee vun de prominentste Vertrieder vun enger Beweegung déi oft "New Atheism" genannt gouf. Hien huet déif Spueren hannerlooss.24. Episode 24 - Advocating for humanist values at EU level
01:00:16||Season 1, Ep. 24An dëser 24. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” berichte mer iwwer den Asaz fir humanistesch Wäerter um EU Niveau. Fir d'éischt schwätzt de Bob mam Tania Giacomuzzi Mota, Advocacy Officer bei Humanists International, iwwer seng Aarbecht "zu Bréissel" an iwwer eng rezent Initiative déi am Kader vum European Policy Forum vum Tania koordinéiert gëtt, dem Humanist Pledge (https://humanists.international/pt/what-we-do/advocacy/humanist-pledge/). Am zweeten Deel lauschtere mer ran an eng Pressekonferenz vun EUMANS iwwer eng Petitioun beim EU Parlament zum Recht op Euthanasie (https://www.eumans.eu/online-press-conference-28-end-life-ngos-launch-petition-european-parliament-voluntary-assisted), déi AHA Lëtzebuerg mat initiéiert huet.