Share

cover art for Episode 22 - Feminismus

Iwwer Gott an d'Welt

Episode 22 - Feminismus

Season 1, Ep. 22

An dëser 22. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Jessica Lopes vun der ASTI. Si schwätzen iwwer Feminismus, de Kampf fir d'Rechter vu Fraen, d'Fuerderungen no sozialer Gerechtegkeet an d'Virurteeler géint déi feministesch Aktivist*innen ze kämpfen hunn. https://fraestreik.lu/marche2023/

More episodes

View all episodes

  • 25. Episode 25 - En Hommage un den Dan Dennett

    01:00:00
    An dëser 25. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhale de Lex an de Bob sech iwwer de kierzlech verstuerwene Philosoph a Kognitiounswëssenschaftler Daniel C. Dennett, säi Wierk als Denker a säi Wierken als atheisteschen Aktivist. Hien wor effektiv bekannt als ee vun de prominentste Vertrieder vun enger Beweegung déi oft "New Atheism" genannt gouf. Hien huet déif Spueren hannerlooss.
  • 24. Episode 24 - Advocating for humanist values at EU level

    01:00:16
    An dëser 24. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” berichte mer iwwer den Asaz fir humanistesch Wäerter um EU Niveau. Fir d'éischt schwätzt de Bob mam Tania Giacomuzzi Mota, Advocacy Officer bei Humanists International, iwwer seng Aarbecht "zu Bréissel" an iwwer eng rezent Initiative déi am Kader vum European Policy Forum vum Tania koordinéiert gëtt, dem Humanist Pledge (https://humanists.international/pt/what-we-do/advocacy/humanist-pledge/). Am zweeten Deel lauschtere mer ran an eng Pressekonferenz vun EUMANS iwwer eng Petitioun beim EU Parlament zum Recht op Euthanasie (https://www.eumans.eu/online-press-conference-28-end-life-ngos-launch-petition-european-parliament-voluntary-assisted), déi AHA Lëtzebuerg mat initiéiert huet.
  • 23. Episode 23 - The right to say no to (imposed) religious education

    59:32
     An dëser 23. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 2 Gäscht iwwer d'Thema Reliounsunterrecht an der Schoul. Fir d'éischt schwätze si mam Panayote Dimitras aus Griichenland iwwer d'Situatioun a sengem Land a wat hien, mat aneren, ënnerhëlt fir d'Rechter vun Eltere besser ze schütze wa si hier Kanner net um Reliounsunterrecht wëllen deelhuele loossen. Am zweeten Deel schwätzen si mam Gilles Retter iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg a wéi mir zu där international dach eenzegaarteger Situatioun vum "Vie et Société" Kuer komm sinn.
  • 21. Episode 21 - Kënschtlesch Intelligenz

    59:59
    An dëser 21. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Dr Serge Linkels, Informatiker. Si schwätzen iwwer KI, Kënschtlech Intelligenz, wat dat ass, wéi et funktionnéiert a wéi eng nei Chancen sech duerch dës Technologie erginn awer och wei eng Geforen dovunner ausginn.
  • 20. Episode 20 - Wéi erliewen Humanisten, Atheisten an Agnostiker Chrëschtdag?

    01:00:07
    An dëser 20. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat si zwee gelies hunn a wat ganz gutt an d’Saison passt: "The Atheist’s Guide to Christmas”. Si verziele wéi si déi eenzel Kapitel vum Buch erlieft hunn.
  • 19. Episode 19 - D'Recht op Selbstbestëmmung am Iran

    58:18
    An dëser 19. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen, am éischten Deel, de Lex an de Bob iwwer d'Narges Mohammadi, hier Liewen an hiert Wierken an natierlech driwwer datt si dëst Joer de Friddensnobelpräis krut an, am zweeten Deel, ënnerhält sech de Lex mam Mina Richman, enger Musekerin vu Bielefeld mat iranesche Wuerzelen, dei sech selwer "ehrlich, queer, selbstbestimmt" nennt, iwwer hier Musek. Weider Infos zur Musek vum Mina Richman: https://minarichman.de/
  • 18. Episode 18 - White Metal

    01:00:02
    An dëser 18. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" klärt de Lex eis iwwer "White Metal" op, eng dach onerwaarten an iwwerraschend Kombinatioun vu Musik a Relioun.
  • 17. Episode #17: Harmful Traditional Practices in Nepal

    29:57
    In this 17th episode of "Iwwer Gott an d'Welt", Bob chats with Uttam Niraula, humanist and human rights activist from Nepal. Uttam tells us about the endeavours of the "Society for Humanism Nepal" to promote human rights and about their work to fight "harmful traditional practices" in Nepal. For more information about SOCH Nepal please visit their website: https://sochnepal.org